Peru-Trip (1)

10 Meint fir eng aaner Zort vun Reesen

 

Bis Summer 2009 ass d'Kyra Fischbach am Norde vum Peru, fir do den alternativen Tourismus opzebauen. Op RTL.LU schreift hatt, wat et erlieft!

10 Méint laang wëll d'Kyra Fischbach an deem peruaneschen Duerf Montero, dat sech selwer als éischt gerecht an ecologesch Stad am Peru bezeechent, den Eco-Tourismus developpéieren hëllefen.

© Luc Marteling

Zanter Mëtt Oktober ass d'Kyra Fischbach aus der Stad am Peru. Ufank November stoung dunn déi éischt Visite vu Montero um Programm. An deem Duerf ganz am Norde vum Peru, no bäi der ecuadorianescher Grenz, wëll déi 26 Joer jonk Fra aus Lëtzebuerg hëllefen, den alternativen Tourismus - och nach Eco- oder Öko-Tourismus genannt - ze fërderen.

 

D'Kyra Fischbach huet zu Basel an zu Paräis Geschicht a Germanistik studéiert. Duerch eng Aarbecht iwwert d'Apartheid ass si a Kontakt komm mat Hëllefsorganisatiounen, déi sech fir déi sougenannt Drëtt Welt (oder d'Länner um Wee vun der Entwécklung) asetzen. Op der Homepage vum Cercle des ONG huet si dunn enges Dags eng Annonce gelies, datt TransFair-Minka eng Persoun géng sichen, fir während ronn 1 Joer am Peru den alternativen Tourismus ëmzesetzen.

 

"Et war u sech Zoufall, datt ech si gesinn hunn, kuerz nodeems si online gaangen ass", seet d'Kyra Fischbach a well si och wousst, wien TransFair wier a sech och schonn ëmmer fir de fairen Handel mat de Länner aus dem Süden interesséiert huet, war hiren Interessi direkt grouss.

 

Relativ schnell ass déi Iddi du konkret ginn an den 19. Oktober 2008 ass d'Kyra Fischbach opgebrach. Bis Enn August, Ufank September 2009 wäert si elo am Peru bleiwen, fir do déi lokal Bevëlkerung, virun allem d'Membere vun der Kooperative Cepicafe, beim Opbau vun engem alternativen Tourismus z'ënnerstëtzen.

 

Firwat grad Montero? Dat ass schnell erklärt!

 

 

An de Joren 2004 an 2007 war TransFair-Minka am Peru an och zu Montero, fir sech sur place vum Impakt vum fairen Handel z'iwwerzeegen. A well d'Produzenten wëssen, datt si méi Chancen hunn, wa si diversifiéieren, hu si decidéiert, dee Wee ze goen. An eng nei Branche ka fir si den Tourismus sinn.

 

Awer net egal wéi een, mee een alternativen Tourismus, een, dee sech virun allem de Critère vun der Nohaltegkeet verschreift. Den alternativen Tourismus wëll esou ëmweltfrëndlech wéi méigelech sinn a wëll sech och dem Land, dat visitéiert gëtt, upassen a sech fir d'Bevëlkerung interesséieren.

 

Zu Montero huet Cepicafe 2 Chaletë gebaut, an deenen elo Eco-Touristen empfange kënne ginn. Si solle virun allem d'Méigelechkeet kréien, fir eng kuerz Zäit d'Liewen vun den Eenheemeschen ze liewen - zum Beispill andeems se bei der Recolte vum Kaffi oder de Banannen hëllefen. E richtegt Stéck Authentizitéit verspriechen esou Reesen, déi staark am Komme sinn.

 

D'Kyra Fischbach soll deen Trend elo begleeden an hëllefen, eng Bréck ze bauen tëscht dem Norden am Süden, déi spéider beide Säiten ze gutt komme soll.

 

"Wann um Enn vu mengem Sejour, Leit problemlos an de Cepicafe-Chaleten oder a Famillen zu Montero opgeholl kinnte ginn, dat wier ech iwwerglécklech", seet d'Kyra Fischbach iwwert d'Ziler vun hirem "Volontariat de la coopération" vun TransFair-Minka an dem Service national de la jeunesse (SNJ).

 

Zu Montero - wou TransFair, de Cactus an d'Lëtzebuerger Kooperatioun Cepicafe och ewell eng Zockerrouer-Veraarbechtungsfabrek finanzéiert hunn - wäert si bei der Famill vun engem Ingenieur vu Cepicafe ënnerbruecht sinn. Wien dat ass, wousst ai virun der Ofrees nach net - och fir d'Kyra dierft dëst also eng ganz beräichernd an och eng ganz intensiv Aventure ginn.

 

Artikel vum Luc Marteling.

 

All d'Aventuren vum Kyra kënnt dir och op www.rtl.lu verfolegen.
Document Actions