Skip to content
cabosse coffee orange cueilleuse bananes fruit fussball banana
TransFair-Minka a.s.b.l. - 2A rue de la Gare - L-6910 Roodt-sur-Syre
Tél.: 35 07 62 - Fax: 26 35 01 12 - info@transfair.lu
SiteMap  | 
You are here: Home Producteurs Kyra au Pérou Peru-Trip (2)
Document Actions

Peru-Trip (2)

by Alice Zehner last modified 2009-05-28 10:03

Di éischt Andréck vum Kyra Fischbach

E puer Méint, nodeems ech wosst, dass ech giff an de Peru fueren, ass et endlech lass gang. Eng gewëssen Ongedold huet sech an där Zeit opgebaut, obwuel ech schonn zanter dem 1. September bei TransFair-Minka am Büro geschafft a vill geléiert hunn.

 

Mee ech well net léien, Äddi ze soen ass net sou einfach, wann ee weess, dass een di mescht Léit ee Joër net wäert gesinn, och wann ech mech drop gefreet hunn, op dat Onbekannt.

 

Den éischten Deel vun mengem Openthalt war zu Lima, zwou Wochen laang. Well mäi Spuenesch nach net perfekt wor, hat ech mech decidéiert, virum Ufank vum Projet 2 Wochen e Sproochcours ze man an an enger Famill ze wunnen, an ech kann et nëmmen recommandéiren, ouni Spuenesch as een hei op deene meeschte Plazen e bëssen opgeschmass!

 

Szeenewiessel: Vum Bam an de Bauch

 

 

„Dat heiten ass e Mangobaam“, „D’Kakaoskären kann ee och frësch iessen oder besser just lutschen, di si ganz séiss“ ... sou d’Produzenten vun Chulucanos, annerhallef Stonn vun Piura, der nërdlechster Groussstad am Peru, op 150 m, enger Héicht, wou Kakao gutt wiisst, deen ass net frou mat Héichten iwer 600 m. D’Produzenten si stolz ze wéisen, wat si alles produzéiren an eis schmaachen ze lossen.

 

An dann di säfteg Mangoen, direkt vum Baam an de Bauch, an net ze vergläiche mat deenen, déi een zu Lëtzebuerg oder soss an Europa ze kafe kritt.

 

Dat as een Detail vun deene villen Andréck, déi ech dës éischt Woch zu Piura an Emgéigend gesammelt hun. An dëser Woch war ech schonn zweemol bei Produzenten, mat de Responsable vun der Kooperative Cepicafe, well si do souwisou ze dinn haten.

 

De Mëttwoch, 5. November ass et nämlech fir d’éischt an d’Sierra gaang, zwar nach net op Montero ...

 

Cepicafe zielt 90 kleng Kooperativen zu senge Partner, dat heescht, et gi genuch aner Plazen ze besichen. An dat éischt Objektiv ass mol, dass ech d’Leit an d’Géigend kenneléieren.

 

 

 

Wäit a breet keng Strooss

 

 

Di héiten Léit op der Foto (uewen) wunnen 1 Stonn zu Fouss vun all „Strooss“ (an dëser Géigend ginn et keng betonnéiert Stroossen, nëmmen Pisten). Sou si mir, d’Caro an ech, eng Stagiairin aus Däitschland an 2 Responsabler vu Cepicafe, fir d’éischt mam 4x4 während geschätzten 2-3 Stonnen Pist gefuer (wou et di aner Seit de Rampli rofgeet) an dunn vum Duerf Chalaco aus zu Fouss bei d’Produzenten.

 

Hier Ofgeschiddenheet ass leider awer e Probleem fir hir Produktion, si liewe vun der „panela“, dat as net raffinéierten Rouerzocker, si mussen deen dann op Ieselen an d’Duerf brengen, wat beschwéierlech ass an immens vill Zeit hëlt.

 

Och d’Kanner mussen all Dag sou lang trëppelen fir an d’Schoul ze kommen, an aneren Géigenden souguer 2 bis 3 Stonnen. Dat huet mech immens beandrockt, di Léit hun eng aner Haltung zur Zeit an och zum Zufoussgoen, dat ass fir si total normal.

 

Den Ulass fir de Besuch bei den „Carpinteros“, esou heescht dee Grupp vun Produzenten, war eng Weiderbildungsmoien mat den Responsablen vun Cepicafe iwwert d’Commerzialisatioun, d’Produzenten sollen wessen wat mat hiren Produkter geschitt an wouhin se exportéiert gin.

 

Ausserhalb vun der normalen techneschen Assistenz duerch Ingenieuren, die hinnen hellefen d’Produktion ze verbesseren, gëtt et nach speziell Formatiounen wie eben dës iwwert méi spezifesch Themen, an dobäi ass et net ëmmer einfach, hinnen d'Kommerzialisatioun ze erklären, wa si net emol wësse, wat e Supermarché ass ...

 

Den Santiago Lopez Paz, den Gerente Adjunto, huet eis mat op Santo Domingo geholl, do war grad en zimlech grousst Fest, et ass säin Heemeschtsduerf. Am Géigendeel zu Piura, eng Stad, di quasi an der Wüst läit, ass et an der Sierra säfteg gréng an et reent och vill mei oft, sou op dësem Dag och, mir hun ëmmer rëm missen Ënnerdaach krauchen, an et hung en déiwen Niwwel an der Loft.

 

Obwuel d’Léit an de Bierger méi hell sin, waren awer e puer Frauen do, di mech onbedengt wollten upacken, e komescht Gefill.

 

Finanzkris a fairen Handel ... a Montero!

 

 

Dat do war sécher net alles, wat ech an där Woch erlieft hunn, ech krut scho bal zevill néi Andréck, an déi kann ech hei net all op eng Kéier verschaffen. Well et hu mech och schon esou Froen beschäftegt wéi, wat fir Auswirkungen huet di aktuell Finanzkrise op de fairen Handel ... an natierlech Froen zu mengem Projet mei konkret, mee dozou geschwënn méi!

 

D'nächst Woch wäert ech wahrscheinlech dann fir d’éischt op Montero fueren!

 

Hasta luego y saludos de Piura

 

Kyra Fischbach