Peru-Trip (3)

Si dios quiere ... dat heescht sou vill wéi "wa gott wëll".

 

wees schon guer net méi, wou ech ufänken soll ... mmmmmmh no Montero war ech eng Woch zu Piura. Ah jo lo wees ech nees ...

 

do war eng Réunioun vun Cepicafé, wou et am di Problemer mam Betrug gang as, et war zimlech dramatesch, well et sech em e groussen Betrag handelt, eng falsch Firma huet Cepicafe Kakao ofkaaf an si haten e scho fortgescheckt, dunn as rauskomm, dass de Cheque net gedeckt war ... di Reunion war mat der Gérence awer och mam Comité, d'Gérence huet décidéiert, di zwee Responsabler vun Département Finanzen an Venten ze entlossen, well si mussen sech firun de Produzenten rechtfertegen ... dobei muss een awer wessen, dass di Leit hei am Buro, di mescht op jidver fall, aus Iwerzeechung hei schaffen, verschiddener giffen wahrscheinlech op enger anerer Plaz mei Suen verdengen wéi hei.

 

Dunn huet sech d'Belegschaft mat deenen zwee solidariséiert an de Comité huet sech ugegraf gefillt, well si en Boykott gefart hun, dat war awer guer net geplangt! ouf, op jidver fall soutz ech matzen an deser Reunion an war e bessen chockéiert, ech war firdrun zu Montero an hat net souvill vun deenen Bewegungen matkritt. Mei Projet as mir dunn och kleng an net prioritär firkomm, well et hei och em d'Existenz vun der Kooperativ geet, obwuel de finanziellen Verloscht anscheinend ze verkraften as ... ech hun hinnen gesot, dass ech si gären soss keint ennerstetzen wou ech kann, mol kucken!

 

Anekdoten a Computer

 

 

Di nämlescht Woch war och nach en Congress vum feinen an Aroma Kakao hei zu Piura, wou och Leit aus ganz Südamerika komm sin, war interessant. wann och mat Momenter ermiddend alles op Spuenesch nozelauschteren. Enttäuschung um Schluss: de Kakaos"licör" fir ze schmaachen war net séiss :) mee schéin batter eben, dass een den Ennerscheed erkennen kann vun den verschidden Sorten (naja dofir as mei Geschmaach nach net ausgebild, ech hun nemmen di graff Ennerscheeder matkritt).

 

Et as net sou gescheit sou lang ze warden mam schréiwen well ech vergiesen di kleng Anekdoten emmer sou schnell an dobei gin et der souvill!

 

An der éischter Halschent Dezember war ech dunn zu Montero an hun mech mam Projet sur place beschäftegt, hei am Büro as mei halt um Computer, well zu Montero as och den Internetuschloss extrem lues an fir vill Sachen fir de Projet brauch ech eben och su modern Instrumenter :) alles wat Promotioun an Kontakter mat Reesagencen an Interesséierten ugeet!

 

Froen iwwer Froen zu Montero

 

 

wat hun ech lo alles zu Montero gemat? ech hu mech mol eng éischten Kéier mat Léit getraff, di Loscht hun, Guide ze sin, wann Gruppen kommen, fir ze kucken, wat een alles kann machen an wini mer mat der "Ausbildung" ufänken, dat heescht: wat as alternativen Tourismus? Wat brauchen Touristen fir sech wuel ze fillen? wat sichen si hei? an an an.

 

Ausserdeem mat hinnen Visiten auszeschaffen, an thematesch Spazéiergäng auszeschaffen an mat Associaciounen vu Fraen, dei wieven zesummen ze schaffen an méi! geschwenn (hoffentlech) kennt der op der hompage vun Cepicafe mei gesin, wann ech färdeg sin mat iwersetzen an mein Fotoapparat eremhun, well deen as anscheinend rem zu Piura ukommen no mei wei 2 Wochen ennerwee, wou wees ech net genau. dofir des Kéier (bal) keng Fotoen!

 

Et gëtt konkret ...

 

 

Villes gemach, ech fueren och mol emmer rem nees mat den Ingernieuren Plazen kucken, wou Produzenten wunnen, dei ech nach net kennen, an ech war e klengen Wasserfall kucken, deen net weit vun Montero leit. Normalerweis hun ech an der Auberge geschlof, mee een Dag waren all d'Better vun engem Grupp aus der Géigend besat, mat Sack a Pack waren di aus der Stadt vir 2 Deeg op Montero komm, dunn hun ech bei enger Famill geschlof. Dat as keen Bett an deem di schlofen mee e Bried, autsch. do konnt ech mech dréien an kéieren et as naischt gin :)

 

ech sin do ukomm em 9 Auer sou an di ganz Famill Bom Bop, Duerchter an Enkel louchen all schon am Bett an hu geschlof, si mer e bessen komesch firkomm do anzedrengen, do waren jo och net wierklechen Dieren mee just eng Art Ridoen fir ofzetrennen ... den Dag dono war ech och bessen schlecht, sou turista meisseg, di eischten Kéier, an di hun drop bestanen mech op eng Zopp anzelueden mettes, et as d'Famill vun der Fra vum Palmiro, deen an der Auberge schafft.

 

"Mir schummen eis, well mir aarm sinn"

 

 

si sooten dunn, si giffen sech heinansdo schummen Leit anzlueden well si sou arm wären, dat huet een och gesin, an trotzdem gouf ech vollgestoppt mat Zopp mat deenen scheinsten Stecker Poulet (normalerweiss mei Schank wei Fleesch) an hun missen zwee Telleren iessen an krutt nach eng Art Téi geint mei Bauchwéi, hun net genau verstan wat fir eng Kraider dran waren. Dunn hun ech nach e bessen mat der Famill geschwat, virun allem mat der Bom, 65 Joer, ech wees grad net mei weivill Kanner mee genuch iwer zeng, si huet mer vun der Iweraschungs Geldener Hochzeit lescht Joer erzielt an dono krut ech iergendwelch Fotoen gewissen.

 

No desem härzlechen Emfank, hun ech mech bal geschummt. an ech hat net mol e Kado dabei (wärt ech nohuelen).

 

Dir gesidd, d'Leit zu Montero sin immens léiw, et get och gesot dass Montero een vun deenen rouegsten Plazen an der Géigend as, dat soll net iwerall an der Sierra sou sin ... well de Peru as och net schlecht bei dem weltweiten Drogenhandel dabei.

 

Wéi ech dunn zréck op Piura komme sollt, huet iergendwei eppes net geklappt mat deem, deen mech sollt mathuelen, an schlussendlech sin ech dunn mat der Panela matgefuer, fir an engem klengen Camion, de Mann, Carlo mat Numm, as och super gefuer, wann en net iwerall stoen bliwen wär, well do seng Famill oder Kolleegen gewunnt hun, an ech gouf dun mat emmer der selweschter CD mat Cumbia, hirer Lieblingsmusek hei, bombardéiert; de Moment as e Grupp a Moud, deen heescht Grupo Cinco, as ganz witzeg, mee no 3 Stonnen geet et duer :)

 

Et kritt ee méi, meet et muss een och méi ginn ...

 

 

An de Carlo huet mech lauter Sachen gefrot wei weivill kascht e kg Reis bei iech? (alla, dohannen) weivill verdengt e Prof (autsch do konnt ech him net d'Wourecht soen!) also bei sou Froen as et emmer schwéier well wann een hinnen di richteg somm seet, as dat fir si onvirstellbar, ech léien also quasi di ganzen Zeiten an soen zwar emmer nach vill méi wéi hei awer och vill mann wéi bei eis... soit ech gin hei also gezwongermossen zur Ligenerin, di dann probéiert ze erklären dass d'Léit zwar mei verdengen mee alles awer och vill mei déier as!

 

An iwerhapt fir de Krees ze schléissen, de Carlo huet den Ausdrock "si dios quiere" nawell zimlech gären, och am Auto hänken iwerall Biller vun Madonnen an Jesus'en an de Sprooch vun Chauffer "chofer", deen souvill seet wéi: Herrgott, breng mech dohinner, wou ech hi well, ouni engem aneren ze schueden, oder sou ähnlech.

 

hasta pronto

 

 

Kyra Fischbach

Document Actions